Budget 2011 – geprägt vun der Kultur …

De Budget 2011 vun der Gemeng Iechternach gouf vun de Majoritéitsparteien CSV an DP guttgeheescht, och wann de staark belaaschten ordinäre Budget kaum nach Reserven zouléisst.

Am ordinären Budget stinn ca. 2,2 Mio. € déi d’Gemeng alleng bei der regionaler Musekschoul EME an bei dem Kulturzenter Trifolion muss bäileeën. Dobäi geet et hei net ëmm de Finanzement vum Gebai (Invest + Zënsen), mä just ëmm d’Fonctionnementskäschten. Dat mécht ronn 12 % vun de gesamten Recetten am ordinären Budget aus. Et gëtt wuel kaum eng aner Gemeng am Land, déi esou e groussen Prozentsaz exklusiv an d’Kultur investéiert.

Well dësen Invest jo kee reng lokalen Charakter huet, mä vill méi e regionalen, nationalen an esou guer interregionale Charakter huet, misst un sech d’Gemeng Iechternach en Deel vun dësen Käschten kennen kompenséiert kréien (sief dat duerch e jäerlechen Subsid, sief dat duercheng Ännerung am Verdeelungsschlëssel vun der „Dotatioun“ oder en anert Instrument).

D’CSV-Iechternach wäert jiddenfalls entspriechend Demarchen beim Staat bzw. beim Kulturministär ënnerhuelen. Egal wéi packt d’Gemeng Iechternach dës Laascht net joerelaang ouni staatlech Hëllef ! 
(Artikel am Wort vum 22.12.10)

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)