Generalversammlung 2011

Léif Frënn vun der CSV-Sektioun Eechternoach!

Heimatter invitéieren ech Iech ganz häerzlech op eis uerdentlech Generalversammlung , e Freideg, den 25. Mäerz 2011, um 19:00 Auer op Eechternoach an den Hôtel de la Sûre.

Et ass eng ganz wichteg Generalversammlung, wou och de Grondsteen fir d’Gemengewahlen am Oktober 2011 soll geluegt gin .
Mir brauchen Iech an Äer Ënnerstétzung,  fir d’Staadt Eechternoach am Sënn vun der Kontinuitéit a Stabilitéit weider kënnen ze féieren.

Dofir géif ech mech freeën, Iech ganz zuelräich op eiser Generalversammlung  begréissen ze dierfen.
(-> Invitatioun / Programm )

Yves WENGLER
Sektiounspresident

Informatiounsowend iwwer d’Steiererklärung

SteierenE Mëttwoch, den 2. März 2011 invitéiert (-> Invitatioun) d’CSV-Sektioun Iechternach op en Informatiounsowend zum Thema :
Wéi maachen ech meng Steiererklärung richteg?”. 
An dëser Versammlung, déi um 20h00 am Hihof ( -> Plang) ufänkt, erklärt den Steierinspekter Jean-Marie RAUS aus der Direktioun vun der Steierverwaltung, d’Detailer vun enger korrekter Steiererklärung an äntwert op all Froen an dësem Zesummenhang.

Interessenten kënnen hiren Steierziedel matbréngen, an esou konkret gehollef kréien .

CSV-Eechternoach Patt gëtt reaktivéiert !

No enger klenger Regeneratiounspaus invitéiere mir op eisen traditionellen CSV-Eechternoach Patt. All Memberen, Frënn a Bekannten, mä awer och all Eechternoacher Leit déi mat eis wëllen diskutéieren, si häerzlech wëllkomm.

All Mëttwochs wa Moart ass, gesi mir eis um 20.00 Auer Beim Wohli
op der Moartplaz.  (Café de la Poste – Place du Marché)

Kommt bis laanscht – Mir freeën eis !

CSV Neijoersreceptioun zu Walfer

Schon traditionell ass Ugangs Januar den offiziellen Empfang vun der CSV fir de Joresufank. Dëst Joer woren eng Honnerten CSV-Memberen zu Walfer am Centre Prince Henri.

D’CSV-Sektioun Iechternach wor och mat enger Rei Memberen vertrueden.

De Partei President, Michel WOLTER, huet dann och d’Memberen an d’Sektiounen encouragéiert fir bis den Oktober 2011, déi gutt Aarbecht déi CSV an de Gemenge geleescht huet ervir ze sträichen.

Mir brauchen eis net ze verstoppen! An den nächste Méint wärt d’CSV-Iechternach de Bilan maachen, an de Leit soë waat geschafft ginn ass.

Budget 2011 – geprägt vun der Kultur …

De Budget 2011 vun der Gemeng Iechternach gouf vun de Majoritéitsparteien CSV an DP guttgeheescht, och wann de staark belaaschten ordinäre Budget kaum nach Reserven zouléisst.

Am ordinären Budget stinn ca. 2,2 Mio. € déi d’Gemeng alleng bei der regionaler Musekschoul EME an bei dem Kulturzenter Trifolion muss bäileeën. Dobäi geet et hei net ëmm de Finanzement vum Gebai (Invest + Zënsen), mä just ëmm d’Fonctionnementskäschten. Dat mécht ronn 12 % vun de gesamten Recetten am ordinären Budget aus. Et gëtt wuel kaum eng aner Gemeng am Land, déi esou e groussen Prozentsaz exklusiv an d’Kultur investéiert.

Well dësen Invest jo kee reng lokalen Charakter huet, mä vill méi e regionalen, nationalen an esou guer interregionale Charakter huet, misst un sech d’Gemeng Iechternach en Deel vun dësen Käschten kennen kompenséiert kréien (sief dat duerch e jäerlechen Subsid, sief dat duercheng Ännerung am Verdeelungsschlëssel vun der „Dotatioun“ oder en anert Instrument).

D’CSV-Iechternach wäert jiddenfalls entspriechend Demarchen beim Staat bzw. beim Kulturministär ënnerhuelen. Egal wéi packt d’Gemeng Iechternach dës Laascht net joerelaang ouni staatlech Hëllef ! 
(Artikel am Wort vum 22.12.10)

Echternacher Springprozession : Immaterielles Kulturerbe der Menschheit !

Nachdem Ex-Bürgermeister Jos Scheuer berichtet hatte, dass der „Carneval de Binche“ von der UNESCO als zum Kulturerbe der Menschheit gehörend proklamiert worden war, kam die Idee auf, dieselbe Ehre für die weltbekannte Springprozession zu beantragen. Kulturministerin Erna Hennico-Schoepges bat den Willibrordus-Bauverein, eine Arbeitsgruppe zu bilden, um das Dossier zusammenzustellen. (méi…)

Informatiounsowend – Steiererklärung

 Wei maachen ech meng Steiererklärung richteg ?

(mam Jean-Marie Raus, Haaptdirektiounsinspekter an de Steieren)

Brengt w.e.g. Ären Steierziedel mat

Mettwoch, de 24. Februar 2010
owes ëm
19.30 Auer

am Hihof (rue du Pont)
zu Eechternoach